BODY AND MIND WORKSHOPS


Pen to brain - Meditatiivt Zeechnen

Pen to brain ( dessin méditatif )


Image

Nëmme wann een sech e Bild vun der Realitéit mécht, kann een och eppes veränneren.


Ce n'est qu'en se faisant une idée de la réalité que l'on peut changer les choses.



De Pen to brain baséiert op der Method vun der NeuroGraphik®.

NeuroGraphik® ass eng kreativ Transformatiounsmethod, déi de fräien a kreativen Ausdrock – onofhängeg vu Wierder a Konzepter –  notzt, fir Denk- an Handlungsprozesser ze visualiséieren an ze veränneren. Mat Hëllef vu fléissende Linnen, Faarf an einfache Forme ginn op eng entspaante Manéier Blockade geléist a Virstellungen, Ziler a Wënsch formuléiert.



L'atelier Pen to brain est basé sur la méthode de NeuroGraphik®.

NeuroGraphik® est une méthode de transformation créative qui utilise l'expression libre et créative - indépendamment des mots et des concepts - pour visualiser et modifier les processus de pensée et d'action. À l'aide de lignes fluides, de couleurs et de formes simples, les blocages sont levés, les idées, les objectifs et les souhaits sont formulés de manière détendue.



Wat kann Neurographik?

  • Innovatiivt Denke fërderen – al Denkschemae ginn duerchbrach; nei Verbindungen an Denkmusteren entstinn
  • Léisungen ervirbréngen – Optioune gi siichtbar
  • Kreativitéit stimuléieren – eege Kreativitéit aktivéieren an erliewen
  • Inspiréieren a Begeeschteren – lassléise vun der thematescher Komplexitéit duerch Flowerliefnes; mat Spaass visualiséieren a veränneren
  • Entspanen – eng innovativ Méiglechkeet, fir bannent Minutten zur Rou ze kommen; aktiv Meditatioun

De kreative Schafungsprozess, deen eng intensiv Reflexioun iwwer dat eegent Empfanne wärend an no dem Zeechne fuerdert, gëtt duerch Entspanungsübungen ënnerstëtzt.


Que peut faire la méthode NeuroGraphik?

  • Innovatiivt Denke fërderen – al Denkschemae ginn duerchbrach; nei Verbindungen an Denkmusteren entstinn
  • Léisungen ervirbréngen – Optioune gi siichtbar
  • Kreativitéit stimuléieren – eege Kreativitéit aktivéieren an erliewen
  • Inspiréieren a Begeeschteren – lassléise vun der thematescher Komplexitéit duerch Flowerliefnes; mat Spaass visualiséieren a veränneren
  • Entspanen – eng innovativ Méiglechkeet, fir bannent Minutten zur Rou ze kommen; aktiv Meditatioun

Le processus créatif de création, qui exige une réflexion intense sur ses propres sensations pendant et après le dessin, est soutenu par des exercices de relaxation.



Pen to brain - Workshops


De Pen to brain gëtt a verschiddene Varianten ugebueden:

Le Pen to brain est proposé en plusieurs variantes :


1:1 Coaching

an Zesummenaarbecht mat liewensberodung.lu

en collaboration avec liewensberodung.lu



Déi individuell psychologesch Aarbecht am Kontext vun der Liewensberodung gëtt duerch d‘Konzept Pen to brain ergänzt.


Le travail psychologique individuel dans le contexte de liewensberodung.lu est complété par le concept Pen to brain.



Dauer:  1,5 - 2 Stonnen
Alter:  ab 16 Joer
Sprooch:
Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch
Präis:  70.- Euro/Stonn



durée:  1,5 - 2 heures
âge:  à partir de 16 ans
langue:  Luxembourgeois, allemend, français et anglais
prix:  70.- Euro / heure



Image
Image

Teamwork fir Jugendlecher

Teamwork pour jeunes

(Schoulklassen a Jugendgruppen)

(classes scolaires et groupes de jeunes)



Team – wat heescht dat fir mech, fir déi aner?

No engem kuerze Brainstorming iwwer de Begrëff „Team“ an d’Bedeitung vun dem Wuert, loossen déi Jonk an engem éischte Schrëtt hir eege Linnen zum Thema fléissen a bréngen hir Gedanken a Gefiller mat Hëllef vun der NeuroGraphik® zum Ausdrock.

An engem zweete Schrëtt ginn d’Duerstellunge vun den Eenzelnen zu engem grousse Bild verbonnen – Gedanke ginn iwwerholl, weidergefouert bis datt e Grousst Ganzt entsteet.

Mir huelen eis Zäit fir ofschléissend iwwer dat gemainsaamt Team ze schwätzen a versichen déi wichtegst Elementer zesummenzesetzen.


L'équipe - qu'est-ce que cela signifie pour moi, pour les autres ?

Après un bref brainstorming sur le terme "team" et la signification du mot, les jeunes laissent dans une première étape couler leurs propres lignes sur le sujet et expriment leurs pensées et leurs sentiments à l'aide de la méthode NeuroGraphik®.

Dans une deuxième étape, les représentations sont reliées par chacun en une grande image commune - les pensées sont reprises, poursuivies jusqu'à ce qu'un grand tout soit créé.

Pour finir, nous prenons le temps de parler de l'équipe commune et essayons de rassembler les éléments les plus importants.



Dauer : 2x 3 Stonnen
Alter: ab 12 Joer
Sprooch: Lëtzebuergesch
Präis: 500.- Euro / Grupp (Material abegraff)



durée:  2x 3 heures
âge:  à partir de 12 ans
langue:  luxembourgeois
prix:  500.- Euro / groupe (matériel inclu)



Image

An der Koppel

En couple



An enger gemittlecher an entspaanter Atmosphär gënnt dir iech eng gemeinsam Auszäit zu Zwee.

No dem Prinzip vun der NeuroGraphik® léisst an engem éischte Schrëtt jiddereen eenzel seng Gefiller a Gedanken zu engem an der Koppel selwer gewielten Thema fléissen. An engem weidere Schrëtt ginn dës Linne matenee verbonnen a weider wuesse gelooss. Dobäi gëtt d’Konzept vun der NeuroGraphik® erweidert, sou datt zum Schluss e Bild op Toile mat Acrylfaarf entsteet.


Dans une ambiance chaleureuse et détendue, vous vous offrez un moment de détente à deux.

Selon le principe de la NeuroGraphik®, dans une première étape, chacun libère individuellement ses sentiments et ses pensées sur un thème défini par le couple. Dans une deuxième étape, ces lignes sont reliées entre elles et laissées se développer.

Pour ce faire, le concept de la NeuroGraphik® est élargi, de sorte qu'une peinture acrylique sur toile de lin est créée à la fin.



Dauer : 5 Stonnen
Sprooch: Lëtzebuergesch
Präis: 450.- Euro / Koppel (Material, Kaffi a Kuch mat abegraff)



durée:  5 heures
langue:  luxembourgeois
prix: 450.- Euro / couple (café/gâteau et matériel inclu)



Image

Relax day



An engem klenge Grupp vu maximal 4 Leit huele mir eis eng Auszäit vum Alldag a genéisse gemeinsam e puer entspaante Stonnen.

No dem Prinzip vun der NeuroGraphik® zeechent jiddereen zu sengem Thema e Modell, duerch deen ech iech leeden. Besonnesch bei dësem Workshop ass, datt mir net wéi gewinnt op einfache Blieder mat Bläistëftsfaarwen zeechnen, mee d´Konzept erweideren a mat Acrylfaarf op Toile molen.

Dobäi schaffe mir just mat de Primärfaarwen a jidderee mëscht seng eege Faarwe selwer. Virun allem geet et drëms net einfach Virgefäerdegtes ze notzen, mee sech Zäit ze huelen a sech Gedanken ze maachen, wat ee sech virstellt an da versicht et ëmzesetzen – e wichtege Prozess, fir deen am Alldag oft keng Zäit ass.


Dans un petit groupe de 4 personnes maximum, nous nous accordons une pause de notre quotidien et profitons ensemble de quelques heures de détente.

Selon le principe de la NeuroGraphik®, chacun dessine un modèle sur son thème et je vous guide à travers celui-ci. La particularité de cet atelier est que nous ne dessinons pas comme d'habitude sur de simples feuilles de papier avec des crayons, mais que nous élargissons le concept et peignons sur toile avec de la peinture acrylique.

Pour cela, nous travaillerons uniquement avec les couleurs primaires et chacun mélangera ses propres couleurs. Il s'agit avant tout de ne pas utiliser ce qui est déjà fait, mais de prendre le temps de réfléchir à ce que l'on veut faire et d'essayer de le réaliser - un processus important pour lequel on ne trouve rarement le temps au quotidien.



Dauer : 4.5 Stonnen
Alter: ab 18 Joer
Unzuel: 3-4 Persounen
Sprooch: Lëtzebuergesch
Präis: 170.- Euro (Kaffi/Kuch a Material abegraff)



durée: 4.5 heures
âge:  à partir de 18 ans
nombre:  3-4 personnes
langue:  luxembourgeois
prix: 170.- Euro (repas/boissons et matériel inclu)



Image
Image

Fir d´mental Gesondheet

pour la santé mentale



Bei dëser Variant schaffe mir an 3 verschiddene Workshoppen virdefinéiert Themen op:

Selbstbestëmmung – Gléck – Vertrauen

No engem kuerzen Abléck an d’Theorie an enger klenger Aféierung an d‘Method vum neurographeschen Zeechne leeë mir direkt lass: mat Hëllef vu fléissende Linnen, einfache Formen an e bëssche Faarf schaaft jidderee sech säi Bild zum Thema andeems ech iech duerch äre kreative Schafungsprozess leeden. An enger gemittlecher Atmosphär kann een op eng aussergewéinlech Manéier fir e kuerze Moment de Kapp ausschalten, zur Rou kommen a sech eng kleng Auszäit vum Alldag gënnen. D’ NeuroGraphik® bitt d’Méiglechkeet, op eng einfach an entspaante Manéier Virstellungen, Ziler an Häerzenswënsch ze formuléieren, dëst wärend enger aktiver Meditatioun. Entspanungsübunge rënne d’Aktivitéit of.


Dans cette variante, nous travaillons sur des thèmes prédéfinis dans 3 ateliers différents :

Autodétermination - Bonheur - Confiance

Après un bref aperçu de la théorie et une petite introduction à la méthode de dessin neurographique, nous nous mettons immédiatement au travail : à l'aide de lignes fluides, de formes simples et d'un peu de couleur, chacun crée sa propre image sur le thème en me laissant vous guider dans votre processus de création. Dans une atmosphère agréable, il est possible de faire le vide pendant un court instant, de se calmer et de s'évader du quotidien de manière inhabituelle. La NeuroGraphik® offre la possibilité de formuler des idées, des objectifs et des désirs du cœur d'une manière simple et détendue, ceci pendant une méditation active. Des exercices de relaxation complètent l'activité.



Dauer :  3x3 Stonnen / Thema
Alter:  ab 16 Joer
Unzuel: 3-4 Persounen
Sprooch: Lëtzebuergesch
Präis: 250.- Euro 



durée:  3x3 heures / thème prédéfini
âge:  à partir de 16 ans
nombre:  3-5 personnes
langue:  luxembourgeois
prix: 250.- Euro



Image
Image


Image

Progressive muscle relaxation (PMR)



Progressiv Muskelentspanung ass eng Entspanungsmethod, déi sech besonnesch gutt fir Persounen eegent, déi net gär roueg leie bléiwen fir sech ze entspanen. „Progressiv“ bedeit „schrëttweis“, dat heescht eenzel Muskelgruppe vum Kapp bis bei d’Féiss ginn ugespaant an nees lassgelooss. D’Uspanung an d’Entspanung geschéien an engem méiglechst gläichbleiwende Rhythmus - duerch dëse Prozess kënnt ee lues a lues zur Rou.


La relaxation musculaire progressive est une méthode de relaxation qui convient particulièrement aux personnes qui n'aiment pas rester allongées pour se détendre. "Progressive" signifie "pas à pas", ce qui signifie que des groupes de muscles individuels, de la tête aux pieds, sont contractés puis relâchés. La tension et le relâchement se font à un rythme aussi constant que possible - ce processus permet d'atteindre pas par pas le calme.



Dauer : 4x 1,5 Stonnen
Alter:  ab 16 Joer
Unzuel: 4-6 Persounen
Sprooch: Lëtzebuergesch
Präis: 125.- Euro 



durée: 4x 1,5 Stonnen
âge:  à partir de 16 ans
nombre:  4-6 personnes
langue:  luxembourgeois
prix: 125.- Euro




Image

Autogenic training



Autogenen Training ass eng Entspanungsmethod, bei der de Kierper iwwert eng bewosst Konzentratiounsteierung a Selbstsuggestiounen zu déiwer Entspanung a Rou fënnt.

Als unerkannt Therapiemethod gëtt Autogenen Training bei Stress, Burnout, Ängschten a psychosomateschen Erkrankungen agesat.


Le training autogène est une méthode de relaxation dans laquelle le corps trouve une détente et un calme profonds par une concentration consciente et des autosuggestions.

En tant que méthode thérapeutique reconnue, le training autogène est utilisé en cas de stress, de burnout, d'angoisses et de maladies psychosomatiques.



Dauer : 4x 1,5 Stonnen
Alter:  ab 16 Joer
Unzuel: 4-6 Persounen
Sprooch: Lëtzebuergesch
Präis: 125.- Euro 



durée: 4x 1,5 Stonnen
âge:  à partir de 16 ans
nombre:  4-6 personnes
langue:  luxembourgeois
prix: 125.- Euro




Inscription & dates


Contact


+352 621 691 590

15, rue Prince Henri, Ettelbruck, Luxembourg, 9047 
Image