About us


Myriam Otto



Grënneri vum „Kreativatelier - Fondatrice du "Kreativatelier"

diploméiert Sozialpedagogin - pédagogue social diplomé


Image

De kreativen Ausdrock begleet mech scho vu klengem un an ënnerschiddleche Konschtformen, wéi der Musek, dem Molen oder dem Danzen. No mengem Bachelor als Sozialpedagogin hunn ech iwwer aacht Joer am klassesche Sënn vum éducateur gradué geschafft fir du meng éischt Schrëtt an d’Selbstännegkeet ze woen. Duerch Zoufall sinn ech op d’Method vun der NeuroGraphik® gestouss, hunn 2021 meng Weiderbildung als éischt NeuroGraphik® Spezialistin vu Lëtzebuerg ofgeschloss an integréieren dës Method op verschidde Manéieren a meng Aarbecht zur mentaler Gesondheet.

2023 hat ech dunn d’Chance un der Formatioun zum „Malspiel“ mam Arno Stern deelzehuelen a ganz schnell war fir mech kloer, datt ech seng Philosophie mat menge bescht méigleche Moyenen hei a Lëtzebuerg ëmsetze wëll. Dobäi läit mir virun allem d’Wuel vu klengen a grousse Kanner um Häerz a mam schafe vum Kreativatelier geet e grousse Wonsch an Erfëllung. Endlech bitt sech d'Méiglechkeet Iddien a Projeten, déi sech iwwer Joren ugesammelt hunn, onofhängeg ëmzesetzen.



L'expression créative m'accompagne depuis mon plus jeune âge dans différentes formes d'art telles que la musique, la peinture ou la danse. Après mon baccalauréat en éducation sociale, j'ai travaillé pendant plus de huit ans en tant qu'éducatrice graduée dans le sens classique du terme, pour faire mes premiers pas vers l'indépendance. Par hasard, j'ai découvert la méthode de NeuroGraphik® et en 2021, j'ai terminé ma formation en tant que première spécialiste de NeuroGraphik® au Luxembourg, intégrant cette méthode de différentes manières dans mon travail pour la santé mentale.

En 2023, j'ai eu la chance de participer à la formation "jeu de peindre" avec Arno Stern et j'ai rapidement compris que je voulais mettre en œuvre sa philosophie avec mes meilleurs moyens ici au Luxembourg. Mon objectif principal est le bien-être des petits et grands enfants. La création du Kreativatelier me donne la possibilité de mettre en œuvre des idées et des projets qui se sont accumulés au fil des années de manière indépendante.


Profil

- Diploméiert Sozialpedagogin – zanter 2011 beruffstäteg
- Agreéiert Enseignante fir Lëtzebuergesch
- “Malspieldienende” - „Ausbildung zur dienenden Rolle im Malspiel“ von Arno Stern
- NeuroGraphik® Spezialistin
- Musikalesch Ausbildung: Conservatoire Lëtzebuerg / UGDA



Tom Schwartz



Matgrënner vum „Kreativatelier - Co-fondateur du „Kreativatelier“ 

diploméierte Psycholog - Psychologue diplômé 



Selbstkompetenz, Selbstverantwortung a Selbstbestëmmung stinn am Mëttelpunkt vu menger psychologescher Aarbecht. Als 1. Naturpsycholog zu Lëtzebuerg notzen ech déi positiv Wierkung vun der Natur a schaffe mat menge Patienten ausschliisslech am Bësch. Esou huet den Openthalt an der Natur e förderlechen Effekt op déi kierperlech a psychesch Gesondheet, an d’Natur gëtt bei Reflexiouns- an Entspanungsübunge mat abezunn.

Héichbegabung an Diagnostik si weider wichteg Themen a menger Aarbecht. Als Psycholog, dee selwer héichbegaabt ass, weess ech, wéi schwéier et ka sinn seng Gedanken a Gefiller ze geréieren a sech selbstbewosst an authentesch sengem Ëmfeld ze weisen. Hei hëllefen ech och Elteren hier héichbegaabte Kanner ze verstoen an ze ënnerstëtzen.

Bei Mensa Lëtzebuerg sinn ech fir d’Duerchféierung vun de Gruppen-IQ-Tester zoustänneg; am Kreativatelier maachen ech individuell Intelligenz-Diagnostik am Eenzelgespréich.


La compétence personnelle, la responsabilité personnelle et l'autodétermination sont au centre de mon travail psychologique. En tant que premier psychologue de nature au Luxembourg, j'utilise les effets positifs de la nature et travaille exclusivement avec mes patients dans la forêt. Ainsi, le séjour dans la nature a un effet bénéfique sur la santé physique et mentale, et la nature est utilisée dans les exercices de réflexion et de relaxation.

La surdouance et le diagnostic sont également des sujets importants dans mon travail. En tant que psychologue surdoué moi-même, je sais à quel point il peut être difficile de gérer ses pensées et ses sentiments et de se montrer confiant et authentique à son environnement. Ici, j'aide également les parents à comprendre et à soutenir leurs enfants surdoués.

Je suis responsable de la mise en œuvre des tests de QI de groupe chez Mensa Luxembourg ; dans l'atelier créatif, je réalise des diagnostics d'intelligence individuels.


Image

Profil 


- Autogenen Training - Entspanungstrainer
- Member vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie
- Member vum "Motivational Interview - ExpertInnen -
   Netzwerk"
- Member a Psycholog fir d'IQ Tester vu Mensa Lëtzebuerg



Inscription & dates


Contact


+352 621 691 590

15, rue Prince Henri, Ettelbruck, Luxembourg, 9047 
Image